Den 28. Mee 2022 soll d'Final vun der Champions League zu Paräis gespillt ginn.

Nodeems am Joer 2021 den FC Chelsea déi legendär Coupe konnt mat heem huelen, sou spillen dës Kéier den 28. Mee den FC Liverpool géint Real Madrid. D'Final wäert dann offiziell ëm 21.00h zu Paräis am Stade de France ugepaff ginn.

Awer och fir de musikaleschen Encadrement ass gesuergt. Am Virfëld vun dësem Fussballs-Match wäert déi kubanesch-amerikanesch Sängerin Camila Cabello optrieden. Mat Hits wéi "Bam Bam" oder "Havana" ass d'Musekerin weltbekannt ginn.

D'Zeremonie fir d'Final anzeleede wäert da warscheinlech ab 20.00h live och um Fernsee iwwerdroe ginn. Wat d'Camila Cabello séngt ass awer nach net gewosst.