Der kanadescher Sängerin hiren éischten Album soll da ganz geschwënn rauskommen.

Déi jonk kanadesch Sängerin Tate McRae ass duerch seng Hit-Single "You Broke Me First" am Joer 2020 international bekannt ginn.

Déi 19 Joer al Sängerin huet awer lo ugekënnegt, dass no enger Rei Singlen lo dann och endlech den Debut-Album mam Numm "I Used To Think I Could Fly" soll erauskommen.

Den Album soll de 27. Mee op de Marché kommen an et sollen ënnert anerem och d'Lidder "Thats All I Wanna Be" oder "Feel Like Shit" mat drop sinn. Dës Lidder si jo schonn eng Zäit dobaussen a konnte schonn international an den Charts stoen.

Den 13. Mee kënnt awer nach eng Single mam Numm "What Would You Do" raus, déi da mat grousser Warscheinlechkeet och um Album mat drop wäert sinn.