No "I Wanna Be A Slave" a "MAMMAMIA" ass déi italienesch Band Måneskin elo zeréck mat der ganz neier Single "Supermodel" zeréck.

Am Joer 2021 huet den Hype ëm déi italienesch Band Måneskin wärend dem Eurovision Song Contest ugefaangen. Hei haten si déi éischt Plaatz mat der Single "Zitti E Buoni" gewonnen. Duerch TikTok ass d'Band dunn awer nach eng Kéier mat hirem Hit "Beggin'" weltbekannt ginn.

Elo ass d'Band zeréck mat hirer neister Single "Supermodel". Dës Single ass definitiv manner rockeg a vill méi poppeg wéi dat wat ee soss vu Maneskin gewinnt ass.

Den 30. Abrëll 2023 wäerten si dann och an der ausverkaafter Rockhal spillen. Wien Måneskin deemnächst eng Kéier well live gesinn, dee soll sech een Dagesticket fir de Rock am Ring kafen, wou se och den 3. Juni optriede wäerten.