Den amerikanesche Rapper kënnt och am Kader vu senger Tour an Europa.

No enger musikalescher Paus vun 2017 bis 2022 ass den amerikanesche Rapper Kendrick Lamar zeréck. Den 13. Mee ass säin neisten Album "Mr Morale & The Big Steppers" erausbruecht, dee nawell zimmlech gutt bei de Fans ukomm ass.

Niewend neier Musek dierf da natierlech och keng Tournée feele fir déi nei Musek virum Publikum ze spillen. De Rapper huet op senger Homepage lo ugekënnegt, dass hien eng Welt-Tournée wäert maachen, bei der hien och eng ganz Rei Datumer hei an Europa spillt.

Fir déi lëtzebuergesch Fans kéinten dann zum Beispill Köln, Frankfurt, Antwerpen oder Paräis interessant sinn.

21.10.2022 - Paräis
28.10.2022 - Antwerpen
30.10.2022 - Köln
31.10.2022 - Frankfurt

D'Tickets wäerten den 19. Mee bei Ticketmaster moies em 10 Auer an de Verkaf goen.