Olivia Rodrigo an Drake heeschen déi grouss Gewënner vum Owend.

D'Billboard Music Awards gehéieren niewend de Grammys an den American Music Awards zu deene renomméiertste Musekspräisser op der Welt. An der Nuecht vum 15. op de 16. Mee 2022 war et dann 32.Editioun vun den Awards, déi zu Las Vegas verdeelt goufen.

D'Olivia Rodrigo huet dann direkt 7 Präisser mat heem geholl. Hei huet hat dann de Präis fir: Top New Artist, Top 100 Artist, Top Streaming Songs Artist, Top Radio Songs Artist, Top Billboard Global 200 Artist an Top R B Female Artist gewonnen. Säin Album "Sour" ass dann och als beschten Album gewielt ginn.

Awer och de Rapper Drake an d'K-Pop Band BTS konnten sech iwwer eng ganz Rei Präisser freeën. All d'Gewënner vum Owend fann der HEI!