
© Eldoradio
Och dëse Summer wäert an de Rotondes rëm de Festival "Congés Annulés" stattfannen.
D’Congés Annulés sinn all Joers ee vun de Grënn fir iwwert de Summer hei zu Lëtzebuerg ze bleiwen. Vum 29. Juli bis de 24. August kann een an de Rotondes erëm fir bal ee Mount laang Concerten, Showcases an DJ-Sets erliewen. E Groussdeel vun den Events wäert dann och erëm Open-Air stattfannen.
Elo hunn d'Rotondes dann och déi éischt Nimm vum Line-Up released. Wärend dem Festival wäerte Bands wéi Dock In Absolute, C'est Karma, No Metal In This Battle oder och Francis Of Delirium spillen.
Säit dem 17. Mee kritt een dann och Tickets fir déi verschidde Concerten. Ee Festival-Pass fir all d'Concerten een och a limitéierter Stéckzuel lo fir 60€ HEI kafen.