Am August wäerten um Iechternacher Séi rëm eng ganz Rei Bands a Kënschtler am Kader vum e-Lake Festival optrieden.

Den e-Lake Festival zu Iechternach gehéiert säit ganz ville Jore fest zum lëtzebuergesche Festival-Summer an zitt ëmmer ganz vill Visiteuren aus Lëtzebuerg an der Groussregioun un.

Nodeems am Joer 2021 duerch d'Pandemie just ee klengen e-Lake virun der Basilika konnt stattfannen, hunn sech d'Organisateure fir déi 25. Editioun rëm zesummegesat fir ee gudde Line-Up zesummenzesëtzen. Hei wäert et dann och wéi all Joer ee Mix aus Rock, Hip-Hop an Elektro sinn, fir dass och wierklech fir jiddereen eppes mat dobäi ass.

Vum 12.-14. August 2022 wäerten dann op deenen 2 Bünen dës Bands stoen:

Freides:

- 1986zig
- 257ers
- Antilopen Gang
- Die Orsons
- De Läb
- Maz
- Maale Gars
- Mutiny On The Bounty
- Alfalfa
- Hunnëg Strëpp

Samschdes:

- Simon Patterson
- Will Atkinson
- Julian Jeweil
- Paul Van Dyk
- Waztoo
- NOSI
- DAMA
- Tasso & Mitch

Sonndes:

- Schëppe Siwen
- Toxkäpp
- DJ Dee
- Hunnëg Strëpp
- Steve R.I.O.T feat. Dr. Gonzo
- Plemm Plemm SOundsystem

Dëst Joer wäert de Festival dann och rëm gratis sinn an et kann een och "cashless" alles soss bezuelen.
D'Organisateuren hunn dann och ee Camping organiséiert, wou een da rëm kann déi dräi Deeg zelten a feieren no de Concerten.