No engem ausverkaaftem Concert an der Rockhal kënnt lo geschwënn och nei Musek vum Yungblud.

Am Joer 2013 ass den deemools 16 Joer alen Yungblud aus senger Heemecht op London geplënnert fir do seng Musekskarriär unzefänken. Säit dem Joer 2017 huet hien dann och méi Opmierksamkeet krut a konnt doropper seng Karriär opbauen. Berüümt ginn ass hien dann awer nach méi duerch de Soundtrack fir déi zweet Staffel vun der Serie "Tote Mädchen lügen nicht".

Den 8. Mee stoung den amerikanesche Museker dann och am Club vun der ausverkaaftener Rockhal op der Bün an huet seng Fans begeeschtert.

Elo huet hien dann awer ugekënnegt, dass hien den 2. September 2022 säi ganz neien Album "YUNGBLUD" soll erauskommen dee voller Emotioune soll sinn.