Den 21. Mee wäert de lëtzebuergesche Rapper säin zweeten Album virstellen an och rausbréngen.

De Corbi, och nach de Kueb genannt ass mat Sécherheet ee vun de Grënner vum lëtzebuergeschen Hip-Hop. Virun enger Rei Joren huet hien duerch den DJ PC seng Léift zum Hip-Hop fonnt an huet ugefaange mat rappen a freestylen. Duerno ass hien awer och duerch den Hip-Hop Kollektiv De Läb zesumme mam David Galassi am ganze Land an an der Groussregioun bekannt ginn.

Säin éischten Album als Solo-Kënschtler "De Gëllene Stull" huet hien am Joer 2015 op de Marché bruecht.

Elo ass de Rapper awer zeréck mat sengem neien Album "Kuebemania" deen hien dann och den 21. Mee wäert an de Rotondes virstellen.

Wärend der Release-Party wäert awer net nëmmen de Corbi säin neien Album spille mee et wäerten och nach vill aner Gäscht wéi den Maka MC, BC One oder den DJ PC op der Bün ze héiere sinn. Ganz stolz ass de Corbi dann awer och dass den DJ Rick Ski deen an Däitschland eng richteg Hip-Hop Legend ass wäert mat dobäi sinn.

Tickets ginn et fir 14€ HEI! Do ass dann och net nëmmen den Entrée mee och direkt deen neien Album mat dran.