Elo kann een dann och genee kucke wéi eng Band wéini spillt.

De Rock Am Ring Festival um Nürburgring ass ee vun deene gréisste Festivallen an Europa an zitt och ëmmer rëm immens vill lëtzebuergesch Museksfans un.

De Festival gëtt et eigentlech scho säit 1985 an duerch déi zwee Joer Paus féieren d'Organisateuren dann dëst Joer de 35ten Gebuertsdag.

Mat engem Line-Up mat Headliner wéi Muse, Green Day oder Volbeat an awer och soss ville coole Bands wéi Casper, Marteria, Maneskin, Billy Talent a villen aneren ass rëm fir 3 Deeg Party a gutt Stëmmung gesuergt.

Säit dem 18. Mee ass dann och endlech den Time-Table released ginn, wou vill Fans ëmmer drop waarde fir ze kucken, ob hir Liewenskënschtler sech net iwwerschneiden.

Des Weidere goufen dann och mat Caliban an HBZ zwou nei Bands annoncéiert.