Der Band Rammstein hir Büne sinn ëmmer rëm een Highlight, elo kennen och Fans déi blann sinn an de Genoss vun dëse kommen.

Déi däitsch Rock-Band Rammstein huet an hirer Karriär schonn déi eng oder aner Welt-Tournée gespillt. Niewend hirer Musek ass dann d'Band dann natierlech op der ganzer Welt och fir hir imposant Bünen a Büneshows bekannt. Hei gëtt ganz dacks mat Requisiten an extra gebauten Effekter geschafft déi meeschtens och nach brennen.

Am Moment ass d'Band mat hirem neien Album "Zeit" op grousser Stadion-Tour. Hei hunn si dann och rëm hir gigantesch Bün mat dobäi déi mer och hei zu Lëtzebuerg konnte bewonneren.

Fir dass awer och wierklech all Fan an de Genoss vun dem Bauwierk kënnt, hunn Rammstein lo ugekënnegt, dass Fans, déi blann sinn am Virfeld vum Concert d'Bün mat engem Mataarbechter kennen oftaaschte fir ze erkenne wéi gigantesch dës ass an dass si sech dat nach besser wärend dem Concert virstelle kënnen.

Eng wierklech gelongen Aktioun déi och immens gutt bei de Fans ukomm ass. Rammstein soen ëmmer, dass hir Musek a Concerte fir jiddereen zougänglech solle sinn.