Déi däitsch Rock-Band Kraftklub huet déi zweet Single vun hirem neien Album released.

Déi ost-däitsch Rock-Band Kraftklub déi jo och schonn déi eng oder aner Kéier hei am Land gespillt huet, ass endlech zeréck mat engem neien Track.

D'Single "Wittenberg ist nicht Paris" ass déi zweet Single Auskopplung vun der Band hirem neien Album "Kargo", deen den 23. September 2022 wäert erauskommen.

An der Single séngt d'Band ronderëm de Frontsänger Felix Kummer dovunner, wéi et ass an engem klengen Duerf am Oste vum Land opzewuessen an duerno wëllen an eng Groussstad ze plënneren.

Ee passende Museksvideo ass dann och scho raus komm, bei dem d'Band dann am Ufank op enger klenger Bushaltestell spillt an duerno an der Groussstad. Wärend dem Video zerfält d'Fassad vun der Groussstad an alles wat bleift ass déi kleng Bushaltestell.