De Belsche Sänger Milow wäert rëm fir e Concert hei op Lëtzebuerg kommen.

De belsche Sänger Milow huet am Joer 2006 säin éischten Album "The Bigger Picture" erausbruecht. Am Joer 2008 huet d'Charts mat sengem Song "Ayo Technology" gestiermt an huet säin éischten international Nummer 1 Hit geschriwwen.

2019 war de Sänger dann och déi leschte Kéier mat sengem bis lo nach aktuellen Album "Lean Into Me" hei zu Lëtzebuerg. Elo kënnt hien awer zeréck an zwar den 18. November 2022 wou hien am Atelier wäert optrieden. Ob hien do och nei Musek mat dobäi huet ass awer nach net gesot ginn.

Tickets kann een den 31. Mee ëm 10.00h moies op atelier.lu kafen.