Och wann den Album "Harry's House" réischt 4 Deeg dobaussen ass, geet e lo well viral.

Den Harry Styles gëllt am Moment wierklech als Super-Star an huet den 20. Mee lo säin neien Album "Harry's House" released. Mat der éischter Single "As It Was" huet den Harry Styles et direkt bis ganz uewen an d'Charts gepackt.

Lo fänkt säin Album dann awer och un déi éischte Rekorder ze briechen. Wärend dem éischten Dag wou e raus komm ass gouf den Album déi meeschte Kéiere per Alexa op Amazon gelauschtert. Hei huet hien dann de Kendrick Lamar mat sengem neien Album "Mr. Morale and the Big Steppers" vun der éischter Platz gekickt.