Ganz geschwënn gëtt et dann nei Musek op d'Ouere vun der Berliner Band "Beatsteaks".

Déi däitsch Punk-Rock Band "Beatsteaks" hunn sech am Joer 1995 zu Berlin gegrënnt a gehéiere warscheinlech zu deene gréissten däitsche Bands.

Am Joer 2004 hunn si den Duerchbroch mat hirem 4ten Studio Album "Smack Smash" geféiert, op dem zum Beispill och Lidder wéi "Hand In Hand" oder "I Don't Care As Long As You Sing" mat drop waren.

Elo 5 Joer no hirem leschten Album "Yours" ass déi däitsch Band zeréck mat enger neier Single. De 27. Mee kennt d'Single "Kommando Sunshine" eraus. Ob d'Band och een neien Album geplangt huet ass bis elo awer nach net gewosst.

Fir de Leit aus de Klinicke mol eng Kéier Merci ze soen huet d'Band dann och den 18. Mee fir 1.400 Persounen aus dem Fleegesecteur ee ganz intimen an exklusive Concert gespillt gehat.