De lëtzebuergeschen DJ huet eng nei Single fir de 27. Mee ugekënnegt.

Den DJ NOSI huet virun enger ganzer Rei Joren ugefaangen als Hobby op Baler aus Spaass opzeleeën. Ganz séier gouf doraus awer eng richteg Passioun an haut gëllt hien  zu deene bekanntsten DJ'en hei am Land an an der Groussregioun wou hien och ëmmer méi dacks optrëtt.

No Lidder wéi "Schëdden", "Klengen Drenken" oder "Marrakesch" zesumme mam Turnup Tun huet hien awer lo bëssen seng Museksrichtung geännert.

Dëse Freideg de 27. Mee wäert dann seng ganz nei Single "Cascade" erauskommen, déi manner EDM mee éischter ënnert Tech House anzeuerdnen ass.