Dës Kéier wäerten d'MTV EMA's zu Düsseldorf verdeelt ginn.

D'MTV Music Awards gëllen och haut nach wou den MTV net méi esou vill gekuckt gëtt trotzdeem nach ëmmer zu deene Präisser déi all Museker eng Kéier well gewannen .

Säit dem Joer 1994 gëtt et dann och eng europäesch Versioun dovunner, déi all Joer an enger anerer Staat stattfënnt.

Dëst Joer wäert dat ganz den 13. November zu Düsseldorf ofgehale ginn a wéi all Joer wäert dann och ee Star rëm als Moderator duerch den Owend féieren. Wien dat dëst Joer wäert maachen ass awer nach net gesot ginn.

Anescht wéi bei anere Präisser ass de Voting bei den MTV EMA komplett bei de Fans, vue dass dës iwwer Internet hir Favoritte kënne wielen.