Niewend neier Musek huet d'Sängerin dann och gesot dass hat wäert op Tournée goen.

Nodeems d'Selena Gomez zesumme mat der brittescher Band Coldplay d'Single "Let Somebody Go" op deenen hirem leschten Album released huet, gouf et nawell zimmlech roueg ëm d'Sängerin.

Elo huet d'Selena Gomez an enger Fernsee-Show awer gesot, dass hat am Moment amgaang wier un engem neien Album ze schaffen. Wéini dëse genee soll rauskommen ass awer nach net gewosst.

Och eng Tournée soll geplangt ginn. D'Musekerin sot dass hat zu 100% géif op Tournée goe mat der neier Musek, dëst allerdéngs réischt wann hat sech wierklech bereet dofir géif fillen.

Et bléiwen also nach zimmlech vill Froen op mee et ass op jiddefalls sécher dass et net méi sou laang kann dauere bis mer nei Musek vum Selena Gomez kënnen héieren.