De brittesche Sänger huet eng nei Versioun vu sengem aktuellen Album "=" erausbruecht.

Nodeems am Oktober 2021 dem Ed Sheeran säi leschten Album "=" erausbruecht huet, ass hie fir d'éischt mol op grouss Welt-Tournée gaangen, mat der hien och nach deen een oder aner Mount wäert daueren.

Ganz spontan huet hien dunn awer op senge soziale Medien annoncéiert, dass hie wäert nei Musek erausbréngen. Dat huet hien elo mat enger neier Versioun vu sengem Album gemaach, déi ënnert dem Numm "= tour edition" erauskomm ass.

Hei sinn dann och direkt 9 weider Tracks mat drop, vun deenen och 2 ganz nei sinn. D'Lidder "one life" a "penguins", déi aus dem Film "Yesterday" stame sinn da ganz nei an exklusiv op der neier Versioun mat drop.