Am Kader vun de Francofolies zu Esch (8. bis 12. Juni) kréien déi zwee lëtzebuergesch Kënschtler e spezielle Festival-Coaching!

E Comité dee sech aus de Francofolies an hire Partner (Kulturfabrik, Rockhal, Rocklab, SACEM, etc.) zesummesetzt, huet am Virfeld vum Festival d'"Francos-Fabrik" ausgeschriwwen. Heibäi handelt et sech ëm e spezielle Coaching respektiv eng intensiv Begleedung vun de Kënschtler am Kader vun de Francofolies. Fir déi éischt Editioun goufen de Rapper Maz an de Singer/Songwriter Bartleby Delicate zeréckbehalen. Duerch d'"Francos-Fabrik" sollen déi Zwee e weidere Schrëtt a Richtung Professionaliséierung maachen an hire Bléck och emol op de franséisch-sproochegen Territoire riichten.

De Loïc Clairet iwwert d'Wichtegkeet vum franséisch-sproochege Raum!

An där nächster Woch stinn fir de Maz an de Bartleby Delicate eng ganz Partie Atelieren op Besuch mat deene si en neie Bléck op hire Projet gewanne sollen. E Freiden den Owend spillen si och e Concert am Bâtiment 4 zu Esch. Op Besuch sinn och 3 Professioneller déi sech zum Beispill am Büne-Beräich spezialiséiert hunn.

Wat steet fir déi zwee Kënschtler wärend der Francos-Fabrik um Programm?

Den 11. an 12. Juni kann een déi Zwee dann och op der Main Stage vum Francofolies-Festival zu Esch am Parc vum Gaalgebierg erliewen!