No dësem Verkaf huet de Museker eigentlech keng eege Lidder méi.

Den amerikanesche Singer a Songwriter Justin Timberlake ass an den 90er Joren duerch seng Boyband "NSYNC" weltbekannt ginn an huet no der Trennung 2002 seng Solo-Karriär gestart huet.

Mat Albe wéi "Justified", "FutueSex" oder "The 20/20 Experience" huet hien et bis ganz no uewen an d'Charts gepackt a gehéiert bis haut zu deene gréisste Museker aus deene leschte Joerzéngten.

Och wann 2018 dee leschten Album rauskomm ass, gouff et awer ëmmer rëm nei Single-Auskopplunge wéi "Better Days" oder "Innocent".

Viru kuerzem huet de Museker sech awer lo mam Hipgnosis Song Management gëeenegt an hinnen all seng Wierker fir ronn 100 Milliounen Dollar verkaaft. Soumat gehéiert dem Justin Timbelake seng eege geschriwwe Musek him net méi.