No 4 Joer ass déi amerikanesch Rock Band endlech mat neier Musek zeréck.

Am Joer 2004 gouff d'Band Panic! At The Disco zu Las Vegas gegrënnt an huet 2005 dunn och deen éischten Album erausbruecht. 2018 huet d'Band dunn nach eng Kéier ee richtegen Hype gehat mat hirem leschten Album "Pray for the Wicked" op dem dann och hier Hit-Single "High Hopes" mat drop war. Mat dëser stoungen si nach eng Kéier weltwäit an den Charts ganz uewen.

An dene leschte Wochen ass dann och hir 2016er Single "House Of Memories" rëm an den Trend komm an dat duerch d'Plattform TikTok.

Elo soll d'Band awer zeréck si mat neier Musek. Gerüchter no soll den 1. Juni 2022 hir nei Single "Viva Las Vengeance" op de Marché kommen. Ob och een neien Album geplangt ass huet d'Band awer nach net matgedeelt.