Dësen Dënschdeg – e weideren Top-Concert um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Imagine Dragons

Och dëse Mount wäerte mir deen éischten Dënschdeg natierlech rëm ee Concert a voller Längt presentéieren. Dës Kéier hu mer dann déi amerikanesch Pop-Rock Band Imagine Dragons mat dobäi.

2008 huet sech déi amerikanesch Pop-Rock Band Imagine Dragons zu Las Vegas gegrënnt. No enger Rei Singles huet et dann am ganzen nach eng Kéier 4 Joer gedauert bis dunn 2012 hiren éischten Album "Night Visions" erauskomm ass. op dësem war da warscheinlech och der Band hire gréissten Hit "Radioactive" mat drop, mat deem si bis haut nach hir Concerten ofschléissen.

Am September 2021 ass lo hiren neisten Album "Mercury - Act 1" erauskomm, deen si ënnert anerem dann och hei zu Lëtzebuerg de 16. Juli Open Air virun der Rockhal wäerte virstellen.

An eisem Eldo-Live vun dësem Mount hu mer hire Concert aus dem Joer 2017 am Kader vun hirer Evolve Tournée aus Kanada mat dobäi.

Erlieft all den Imagine Dragons hir grouss Hits  - en Dënschdeg den Owend vun 19:00 Auer un um Eldo, am Livestream op eldo.lu oder an der gratis Eldo-App!