Den 3. Juni kënnt dem Rapper Post Malone säin neien Album eraus, lo ass och d'Tracklist released ginn.

Den amerikanesche Rapper Post Malone huet am Joer 2019 säi leschten Album "Hollywood's Bleeding" erausbruecht mat dem hien och international vill Succès hat.

Nodeems et bësse méi roueg ëm de Museker gi war, huet de Post Malone an engem Interview verroden, dass hien sech vun de soziale Medie bësse wechgehalen hätt vue dass hien Zäit fir sech a seng mental Gesondheet wollt hunn. Viru kuerzem ass dann och rauskomm, dass de Post Malone wäert am Joer 2022 Papp ginn.

Elo kënnt awer fir d'éischt mol den 3. Juni säin neien Album "Twelve Carat Toothache" eraus bei dem och lo Tracklist released ginn ass. De Post Malone huet sech fir dësen Album op jiddefalls vill aner Museker mat u Bord geholl. Hei sinn dann zum Beispill Kollaboratioune mam Doja Cat, The Kid Laroi, The Weeknd oder och nach de Roddy Ricch mat dobäi.

Hei ass dann déi ganz Titellëscht vum Album:

1. “Reputation”
2. “Cooped Up” feat. Roddy Ricch
3. “Lemon Tree”
4. “Wrapped Around Your Finger”
5. “I Like You (A Happier Song)” feat. Doja Cat
6. “I Cannot Be (A Sadder Song)” feat. Gunna
7. “Insane”
8. “Love/Hate Letter to Alcohol” feat. Fleet Foxes
9. “Wasting Angels” feat. The Kid LAROI
10. “Euthanasia”
11. “When I’m Alone”
12. “Waiting for a Miracle”
13. “One Right Now” feat. The Weeknd
14. “New Recording 12, Jan 3, 2020”