Dem Halsey seng nächst Single huet endlech e Release-Datum, do gouf et nämlech hëtzeg Diskussioune mat sengem Label.

Den 9. Juni kënnt säi Lidd "So Good" eraus. Capitol Music huet dat an engem Tweet annoncéiert fir och nach z’ënnersträichen dass si oppe fir en Dialog mat der Sängerin sinn. Den nächsten Dag kënnt dann och de Museksvideo eraus. D’Halsey wollt dat Lidd scho laang erausbréngen: de Video war och schonn eng Zäitche prett mee säi Label war net averstanen.

D’Konditioun war nämlech dass d’Sängerin viral op TikTok geet. Elo ass d’Halsey frou dass seng Fans seng nei Musek endlech héiere kënnen!