D’K-Pop-Band BTS huet nees Rekorder gebrach. Dës Kéier op Apple Music!

D’Band huet nämlech e Samschdeg eng limitéiert Serie op der Plattform verëffentlecht déi sech "BTS Radio: Past & Present" nennt. An et gouf schonn annoncéiert dass BTS de Rekord fir déi gréisste Show vum Joer gebrach huet, an dat scho mat der éischter Folleg vu "BTS Radio". Am ganze ginn et dräi Folgen, eng Folleg pro Woch kënnt eraus.

Duerno kënnt den 10. Juni hire Best-Of-Album "Proof" eraus mat all de bekannte Songs vun der Band an e puer nei Tracks.