De Rapper Jack Harlow hat jo zesumme mam Drake e Lidd erausbruecht. An elo ass den zimmlech spezielle Museksvideo erauskomm.

D’Lidd dat si zesummen erausbruecht hunn nennt sech "Churchill Downs". De Video gouf wärend dem Kentucky Derby also enger bekannter Päerdscourse gedréint. Den Hippodrom zu Louisville, vu wou den Jack Harlow hierkënnt, heescht genee sou wéi d’Lidd "Churchill Downs". Do gesäit dann déi zwee Rapper an deem spezielle Kader rappen.

D’Lidd ass um Jack Harlow sengem neien Album dee sech "Come Home The Kids Miss You" nennt. Do ginn et och nach Kollaboratioune mam Pharrell, Justin Timberlake a Lil Wayne. Den Jack Harlow geet och geschwënn op Tour an Nordamerika.