De Lil Nas X huet sech opgereegt well hien net fir d’BET Awards nominéiert gouf.

D’Lëscht vun de Nominatiounen ass nämlech erauskomm. D’BET Awards si virun allem an den USA zimmlech wichteg well et drëms geet den Talent vun den Afroamerikaner unzëerkennen. De Lil Nas X war awer richteg enttäuscht dass hien net nominéiert gouf an dat trotz dem Succès vu sengem Album "Montero" a vun der Single mam selwechten Numm. De Rapper huet sech op Twitter opgereegt mee huet seng Tweets duerno nees geläscht. Am Géigesaz gouf d’Doja Cat ganzer 6 mol nominéiert.