E Freideg gouf d'Programmatioun vun der Fête de la Musique um nationalen Niveau am Kulturministère virgestallt.

Fir d’éischt gouf emol déi nei Presidentin vun der Fête de la Musique a.s.b.l Vanessa Cum virgestallt. D’Fête de la Musique gëtt uechter d’Land tëscht dem 16. an 21. Juni organiséiert. Déi grouss Ouverture fënnt de 16. Juni um 8h00 op der Stater Gare statt. De Kulturministère ass och Haaptpartner vum Evenement. De Joe Haas, Responsabel vum Musek-Departement am Ministère huet sech och gefreet dass no zwee komplizéierte Joren d’Fête de la Musique nees normal gefeiert ka ginn. Donieft huet hien ënnerstrach dass net genuch privat an d’Kultur investéiert gëtt.

D’Programmatioun gouf och vun der Coordinatrice Séverine Zimmer virgestallt. Ganz allgemeng ginn 300 gratis Concerten an deem Kader uechter d’Land organiséiert. Dat wier eng grouss Hoffnung fir d’Museker nees an 33 Lokalitéite kënnen opzetrieden. 19 Organisateure sinn am Ganze mat dobäi. Wichteg ass et och mat den Institutiounen an de verschidde Gemengen zesummenzeschaffen. Et soll nämlech eng flott Mëschung tëscht professionelle Museker an Amateure sinn. Et ginn och eng ganz Partie Musek-Genrë fir dass jiddereen op seng Käschte kënnt.

Ënner anerem ginn natierlech Concerten an der Haaptstad organiséiert. Dëst am Parc Laval den 19. Juni am op der Holy Ghost Stage beim Hellege Geescht. Do trieden Artiste wéi Le Vibe op. Weider ginn et ënner anerem och Concerten op der Place d’Armes. Zu Diddeleng gëtt och scho ganz laang d’Fête de la Musique organiséiert. An dëst Joer ginn et ganzer 11 Bünen. Ënner anerem de Lëtzebuerger Museker Chaild trëtt hei op.

Natierlech si gréisser Stied vertruede mee och méi kleng Dierfer. Beispiller sinn hei Iechternach, Ettelbréck, Mamer, Welleschten an Ell als neien Organisateur.

Et handelt sech hei en Zesummespill vu lokalen, nationalen an internationalen Amateuren a professionelle Museker, Museks-Schoulen, Harmonien, Fanfaren a weideren Institutiounen.