E Klassiker vun den 80er Joren huet wéinst der Serie "Stranger Things" e Comeback an den Charts gefeiert!

Et handelt sech ëm "Running Up That Hill" vun der brittescher Kult-Musekerin Kate Bush! Zanterdeem déi nei Staffel vu Stranger Things op Netflix erauskomm ass, ass d’Lidd op d’Spëtzt vun den UK an US iTunes Charts geklommen. Et ass och op Plaz Nummer 4 an de Spotify Top 200 Charts komm. Och huet d’Lidd et op Nummer 1 vun den US Spotify Charts gepackt! 1985 hat d’Lidd déi 3. Plaz vun den UK-Charts erreecht. Vill jonk Leit déi d’Lidd also net kannt hunn konnten et entdecken a wéi et schéngt huet et de Leit dann och gefall!