Neien Diagramm fir ze kucke wéi eng Musek een am Mount sou lauschtert.

Spotify gehéiert säit e puer Joer fest zu der Museksbranche a gouf am Joer 2021 vu bis zu 406 Millioune Leit aktiv benotzt.
Och wann gewosst ass, dass een als Museker net esou immens vill bei dësem Streaming-Déngscht verdéngt, ass et awer eng Méiglechkeet immens séier ganz vill Leit ze erreeche vue dass déi meescht kee ganzen Album méi wëlle kafen.

Am Dezember vun all Joer kann een dann och ëmmer eng Zesummefaassung liesen, wat een sou am Joer gelauschtert huet. Hei ginn da Kënschtler, Genren oder och Alben ugewisen.

Fir all déi Leit déi net wëlle bis Dezember waarden, kennen dat lo mat engem neien Tool maachen. Den "Pie Chart" gouf vun engem amerikanesche Student entwéckelt a mat dësem kann een ëmmer ganz aktuell noliese wat ee wéini wéi laang gelauschtert huet.

HEI fann der dann de Link wou der iech mat ärem Spotify Account musst alogge fir den "Pie Chart" ze kréien.