Och wann de Freddie Mercury net méi lieft, lieft seng Musek awer weider.

Am Hierscht soll een neie Song vun der brittescher Kult-Rockband Queen op de Marché kommen an dat net mat hirem aktuelle Sänger Adam Lambert mee mam verstuerwene Freddie Mercury, dee bis 1991 de Sänger bei Queen war.

Zwee Joer virum Dout vum Freddie hate Queen den Album "The Miracle" opgeholl an erausbruecht. Am Kader vun dësem Album waren immens vill nei Lidder geschriwwen an deelweis och schonn opgeholl ginn. Wéi et üblech ass konnten dës awer net all mat op den Album kommen.

Wéi den Drummer Roger Taylor seet, soll et et ee ganz speziellt Stéck sinn wat de Freddie Mercury geschriwwen an agesongen hat. D'Opnam war laut der Band och bal net méi ze retten, wat och mat sech bruescht huet dass et esou laang gedauert huet bis d'Lidd lo endlech kann erauskommen. De Bryan May huet gemengt, dass een am September mat dësem neien Track rechne kéint.