Wärend dem Summer wäert et kee Weekend wierklech roueg zu Diddeleng sinn.

Bei der Pressekonferenz huet d'Gemeng Diddeleng zesumme mam John Rech de Programm virgestallt fir de komplette Summer vum Joer 2022.

Zu de musikaleschen Highlighte gehéieren zum Beispill och den Opening den 11. an 12. Juni mam Festival "USINA22" wou ënnert anerem déi amerikanesche Rock-Band Kings Of Leon wäert optrieden. Wärend deenen zwee Deeg stinn awer och ganz vill lëtzebuergesch Kënschtler op de Büne wäerte stoen.

Nëmmen eng Woch méi spéit fënnt dann och schonn déi legendär "Fête de la Musique" den 18. Juni statt, bei der och rëm op ville Bünen am Zentrum vun Diddeleng Bands wéi Joris, Crash Test Dummies, The Coronas oder The Jeremy Days wäerte spillen.

Nëmmen een Dag méi spéit den 19. Juni ass dann och nach eng weider Editioun vum "Zeltik Festival" op der Gemengeplaz, ënnert anerem mat Nimm wéi Red CardellPaddy Goes to Holyhead.

Ausser den USINA22 Festival um Samschde sinn all dës Manifestatioune mat gratis Entrée.