
© Eldoradio
De 9. Juli wäerten hei rëm ganz vill lëtzebuergesch Talenter op der Bün stoen.
De Screaming Fields Festival de vum Rocklab all Joer organiséiert gëtt, gehéiert fir déi Lëtzebuergesch Bands a Museker scho fest zum Programm. De Festival viséiert eigentlech jonk Talenter tëschent 12 a 25 Joer déi ee Song konnten eraschécken an duerno bei engem Online-Voting ausgewielt goufen.
Lo enger laanger Voting-Zäit ass da lo dann och de Line-Up fir dës Editioun released ginn, déi den 9. Juli am Club vun der Rockhal wäert stattfannen.
Line-Up:
Deep Dive Culture - Rock
Sixo - Hip-Hop
Pinkspace - Electronic Music
Zirocco - Metal
Trouble In Paradise - Rock
Suffocate - Metal
Triana y Luca - Folk
SCIAN - Post Rock
Chasey Negro - Hip-Hop
D'Dieren vun der Rockhal ginn den Owend ëm 18.00h op an de Concert start ëm 18.30. Den Entrée ass gratis.