Am September wäert d'Rockband fir zwee Concerten op der Bün stoen.

Ronn 10 Wochen ass et hier dass de Foo Fighters-Drummer Taylor Hawkins am Alter vun nëmme 50 Joer wärend hirer Tour a Südamerika gestuerwen ass.

Laang war et roueg ëm d'Band ginn an och de Frontsänger Dave Grohl hat deemools gesot dass hien sech géif wënsche wann d'Fans hinne lo mol géifen Zäit gi fir alles ze verschaffen.

Lo soll awer op jiddefalls mol fir eng kuerz Zäit mat der Paus eriwwer sinn. D'Band huet zesumme mam Taylor Hawkins senger Famill zwee Tribute-Concerten am September ugekënnegt.

Eng Kéier den 3. September zu London am Wembley Stadion an eng Kéier de 27. September zu Los Angeles am KIA Stadion.

D'Tickete fir dës zwee Concerte wäerten also fuerchtbar limitéiert sinn an de 17. Juni an de Verkaf goen.