Leider kënne Fools Garden dëse Weekend net zu Diddeleng optrieden. Dofir kënnt awer lo den JOSH an hirer Plaz.

Den USINA22 Festival, deen den 11. an 12. Juni 2022 zu Diddeleng wäert stattfannen, kënnt ëmmer méi no an d'Organisatioun kënnt esou lues op en Enn.

Zu den Highlighten nieft de Kings of Leon sollten dann och Fools Garden optrieden, déi deemools mat hirem Hit "Lemon Tree" weltbekannt gi sinn. Leider hunn si misse krankheetsbedéngt hire Concert zu Diddeleng ofsoen.

Wéi d'Organisateure vum Festival awer lo matgedeelt hunn, huet een awer schonn een Ersaz fonnt fir de Slot ze fëllen.

De Wiener Museker JOSH wäert dëse Samschden als neien Act op der Bün stoen. Hien ass duerch säi Lidd "Cordula Grün" bekannt ginn a steet aktuell am Fokus mat senger Single "Espresso & Tschianti".

All weider Informatioune fënnt een och ëmmer ganz aktuell um Site vum Festival ënner www.usina.lu.