Leider muss de Museker seng ganz Europa Tournée ofsoen.

Eigentlech hunn sech Years & Years am Joer 2010 als Trio gegrënnt. Am Joer 2015 hunn sinn hiren éischten Album "Communion" erausbruecht.  Säit dem Mäerz 2021 huet d'Band dann awer an engem Statement gesot, dass den Olly Alexander de Projet Years & Years just nach als Solo-Projet géif weiderféieren.

Wéi den Atelier de Moie matgedeelt huet, huet Years & Years seng komplett Tournée an Europa missen ofsoen. De Museker huet dann awer gesot dass hien eng nei Tour fir d'Joer 2023 géif plangen.

D'Suen vum Ticket kritt een an dësem Fall awer automatesch vum Atelier zeréck.