No sengem nawell ustrengendem Geriichtsprozess ass de Schauspiller a Museker elo zeréck mat neier Musek.

Den Johnny Depp an de Gittarist Jeff Beck hunn sech am Joer 2016 kennegeléiert a séier hunn si gemierkt, dass tëschent hinnen eng gutt Verbindung géif bestoen. Eng kuerz Zäit duerno hunn déi zwee Museker dann och beschloss een Album zesummen opzehuelen. Bis elo hunn si awer just Cover Versioune vun anere Lidder opgeholl.

Dat soll sech awer lo änneren, an de 15. Juli soll dann hiren éischten eegenen Album "18" op de Marché kommen. Wärend dem Jeff Beck senger Europatournée wäert den Johnny Depp dann och als Special-Guest mat dobäi sinn. Si wäerten am ganzen 21 Concerte spillen.