Op Twitter ass de Lil Nas X rëm aktiv an huet indirekt nei Musek ugekënnegt.

Säit Dezember war et zimmlech roueg ëm de Lil Nas X op Twitter ginn. Mee elo ass de Sänger zeréck an huet och schonn nei Musek mat dobäi. An engem kuerze Video huet hien dann och een neit Lidd geteased, wat warscheinlech ganz geschwënn wäert erauskommen.

An engem Interview hat de Museker dann och scho verroden, dass hien amgaang wier een neien Album ze produzéieren deen dann och scho bal fäerdeg wier.

Mir kënnen eis also ganz geschwënn op nei Musek vum Rapper freeën. Wéini genee lo eppes Neies vun him raus kënnt ass awer nach net gewosst. Et gëtt awer gemengt wéi wann déi nei Single nach dëse Mount kéint erauskommen.

Am November wäert hien dann och an Europa op grouss "Long Live Montero" Tournée goen, bei der een dann eventuell och schonn nei Musek wäert héieren.