Op enger Pressekonferenz gouf en Dënschdeg ënner anerem de musikalesche Programm vun Nationalfeierdag virgestallt.

De Stater Schäffe Patrick Goldschmidt huet um Dënschdeg annoncéiert dass um Glacis Concerte wäerte stattfannen. D'Event nennt sech "City Sounds - Glacis in concert" a fënnt um Virowend vun Nationalfeierdag den 22. Juni an op Nationalfeierdag selwer den 23. Juni statt. Den Entrée ass gratis.

Den 22. Juni trieden dräi DJen op: De Maximillion b2b Riven, Alle Farben, an Ogazón.

Den 23. Juni trieden da Lëtzebuerger mee och international Kënschtler op: Claire Parsons "In Geometry' Septett, d'Emeli Sandé an de Rag'N'Bone Man.

Weider Detailer iwwer d'Events an der Stad ginn et hei.