De Festival zu Iechternach wäert dëst Joer vum 16.- 24. Juli rëm stattfannen.

Och dëst Joer huet den Trifolion zu Iechternach rëm ee ganz impressionante Line-Up fir den Echterlive Festival zesummegestallt. De Festival wäert vum 16. Juli bis de 24. Juli zu Iechternach am Haff vun der Abtei stattfannen.

Lass geet et de 16. Juli mat der Opening Night, bei der déi lëtzebuergesch Kënschtler a Kënschtlerinnen am Fokus stinn. Hei stinn dann zum Beispill d'Naomi Ayé, Jambal feat. Culture the Kid, den Chaild oder och nach Stayfou op der Bün. Den Entrée fir dësen Owend ass gratis.

Niewend Concerte vum Pol Belardi, der portugisescher Sängerin Mariza oder der Funk Band Electro Deluxe stinn awer och a Kollaboratioun mam Atelier grouss international Acts wéi de Christophe Maé an de Max Giesinger op der Bün.

Fir dës Concerte brauch een dann och een Ticket.

All weider Informatioune wéi och de Virverkaf fann der HEI!