Et ass net déi éischte Paus déi d'K-Pop Band BTS an hirer 9-järeger Karriär ugekënnegt huet.

D'K-Pop Band BTS gehéiert säit enger Rei Joren zu deene warscheinlech gréisste Pop-Stars déi et säit laangem goufen. Mat Lidder wéi "Permission To Dance" oder "My Universe" zesumme mat der brittescher Mega-Band Coldplay hunn si sech eng riseg Fan-Base opgestallt.

A genee dës Fans sinn dann och lo enttäuscht, dass BTS fir déi drëtte Kéier an hirer Karriär lo eng musikalesch Paus wäerte maachen. Déi 7 Museker vu BTS hunn matgedeelt, dass si sech am Moment éischter op Solo-Projete fokusséiere wëllen. Niewebäi wéilten si sech och op sech bësse konzentréiere vue dass si ni Zäit fir sech selwer haten.

Viru kuerzem war nach ee ganzen Album op de Marché komm mat enger rei neie Lidder vun der Band. Et ass allerdéngs net gewosst wéi laang BTS lo keng Musek wäerten zesumme maachen.