De lëtzebuergesche Museker wäert dëst Joer déi éischte Kéier um Sziget Festival optrieden.

De Sziget Festival ass säit 1993 ee vun deene gréissten a bekanntste Festivallen op der Welt. Mat sengen iwwer 60 Büne gëtt awer net nëmme Musek mee och Theater, Kino an Danz presentéiert. All Joer kann de Festival rëm mat engem Mega-Line-Up bei sengen iwwer 400.000 Visiteure punkten.

Dëst Joer wäert de Festival da vum 10.-15. August zu Budapest an Ungarn stattfannen an als Headliner fënnt een ënnert anerem Nimm wéi den Justin Bieber, Calvin Harris, Dua Lipa oder och de Stromae.

Niewend deene ganz grousse Weltstaren ass dann awer och ee lëtzebuergeschen Act mat an der Programmatioun. De Rapper MAZ wäert de 14. August ëm 17.30h op der Bün stoen a seng nei EP "Upside Down" presentéieren. Ee ganz grousse Moment fir de Museker warscheinlech.