No 6 Joer Paus soll lo endlech nei Musek vun der Sängerin op de Marché kommen.

D'Beyoncé huet scho ganz fréi ugefaange Musek ze maachen a war vun 1997 bis 2005 mat enger klenger Ënnerbriechung Member vun der Girlsgroup Destiny's Child mat dem hat op der ganzer Welt bekannt ginn ass.

2003 ass dann awer schonn säin éischte Solo-Album "Dangerous in Love" erauskomm mat deem hat och direkt an den Charts gelant ass. Bis haut huet d'Beyoncé scho 6 eegen Alben erausbruecht an huet am ganze schonn 28 Grammys gewonnen.

Elo 6 Joer no sengem leschten Album wäert den 29. Juli 2022 der Sängerin hire 7. Album ënnert dem Numm "Renaissance" erauskommen.

Bis elo ass awer nach net gewosst op d'Beyoncé dann och mat dem neien Album wäert op Tournée goen.