Den amerikanesche Rapper Drake huet ouni unzekënnegen een neien Album mam Numm "Honestly, Nevermind" released.

Och Weltstare wéi den amerikanesche Rapper Drake sinn ëmmer rëm fir eng Iwwerraschung gutt. Ganz spontan an ouni Ukënnegung huet de Rapper säi 7. Studioalbum "Honestly, Nevermind" op de Marché bruecht.

Domadder ass et dann och réischt 9 Méint no sengem leschten Hit-Album "Certified Loverboy" dass den Drake nei Musek rausbréngt.

De ganzen Album huet dann eng Längt vu 14 Tracks an huet just eng Kollaboratioun mat engem anere Museker mat drop. Hei ass et den 21 Savage deen d'Éier huet beim Drake mat um Album drop ze sinn.