Dëse Weekend ass rëm déi alljärlech Fête de la Musique. Dës Kéier op 34 Platzen am ganze Land.

Säit en Donneschdeg Moien ass d'Fête de la Musique 2022 am Gaang. Dëst Joer wäert se vum 16. - 21. Juni stattfannen. Bei der Editioun 2022 wäerten eng 34 Lokalitéite matmaachen, bei deenen zesummen iwwer 4000 Museker op der Bün wäerte stoen. Den Entrée ass op all de Fête de la Musique'en natierlech gratis wéi een dat gewinnt ass.

Hei e klengen Iwwerbléck wou de Weekend musikalesch eng méi lass ass:

Diddeleng 18.06.: LEEN, The Jeremy Days, Crash Test Dummies, JORI, ...

Staat Lëtzebuerg 17.06 /19.06: Pleasing, Le Vibe, Lata Gouveia,...

Mamer 18.06: All Reitz Reserved, Big Band Opus 78, Big Band Spectrum,...

Ettelbruck 18.06: The Ferocious Few, All Reitz Reserved, LtEtt Band,...

Dat hei ass natierlech just ee klenge Brochdeel vum ganze Programm vun der Fête de la Musique. Natierlech stinn och nach ganz vill jonk Talenter op der Bün vun de Museksschoule bis zu neie Bands.

HEI fann der natierlech de komplette Programm mat alle Concerte wärend deene ganzen Deeg.