D'Nicool aka Nikki Ninja huet säin éischten Album als nei Figur erausbruecht.

Nikki Ninja & Afrobeathoven, esou heescht dee ganz neien Album, deen déi lëtzebuergesch Rapperin Nicool ënnert sengem neie Pseudonym Nikki Ninja erausbruecht huet.

Vue dass d'Nicool fir vill Kanner net ëmmer ee Virbild ass, wollt d'Musekerin zesumme mam Dan Tanson elo een Album maachen, deen sech éischter u Kanner soll riichten. De Projet ass zesumme mat der Abtei Neimënster entstanen a soll fir Kanner ab 7 Joer sinn.

De 19. Juni war dann och déi grouss Release-Party an der Abtei Neimënster déi och gutt besicht war.

Als Figur Nikki Ninja séngt d'Rapperin dovunner wéi et zum Beispill ass wann een ëmmer nëmmen Nee gesot kritt vu sengen Elteren oder och nach wéi een am beschten Emotioune weise soll.

Ee flotte Projet deen de Kanner d'Musek op eng witzeg Aart a Wéis soll méi no bréngen.

All d'Informatioune fann der ënnert nikkininja.lu.