Och dëse Summer wäert an de Rotondes rëm de Festival "Congés Annulés" stattfannen.

Viru kuerzem hunn d'Rotondes hire Programm fir déi nei Saison 2022-2023 virgestallt.

Hei wäerte rëm ganz vill Projete stattfannen, dat vu Musek, iwwer Konscht bis hin zu Danz.

Fir den aktuelle Summer steet dann awer lo mol de Festival "Congés Annulés" am Fokus.

D’Congés Annulés sinn all Joers ee vun de Grënn fir iwwert de Summer hei zu Lëtzebuerg ze bleiwen. Vum 29. Juli bis de 24. August kann een an de Rotondes erëm fir bal ee Mount laang Concerten, Showcases an DJ-Sets erliewen. E Groussdeel vun den Events wäert dann och erëm Open-Air stattfannen.

Elo hunn d'Rotondes dann och déi éischt Nimm vum Line-Up released. Wärend dem Festival wäerte Bands wéi Dock In AbsoluteC'est KarmaNo Metal In This Battle oder och Francis Of Delirium spillen.