De Marcus Mumford wäert niewend senger Band lo och ee Solo-Projet starten.

Am Moment ass de Marcus Mumford mat senger Band Mumford & Sons op Tournée. An engem Interview soll de Frontsänger awer lo ugekënnegt hunn, dass hien sech an Zukunft wäert mat engem Solo-Projet beschäftegen.

Hei huet hien och erzielt, dass hie schonn u Museksmaterial geschafft huet an dass een dës Lidder ganz geschwënn kéint op Spotify streamen.

Wann een hannert d'Kulisse vum Museker sengem Schaffe well kucken, da kann een dat op senge sozialen Netzwierker maachen, wou hie Videoe gepost huet bei deenen hien am Studio gesäit.

Ob hie lo bei Mumford & Sons bësse méi lues mécht oder ob alles normal weider leeft huet de Museker awer nach net matgedeelt.