D'Claire Parsons wäert zesumme mam Emeli Sandé an dem Rag'n'Bone Man Nationalfeierdag um Glacis optrieden.

Déi lëtzebuergesch Jazz Musekerin Claire Parsons ass scho laang keng onbekannte Musekerin méi hei am Land. Genee aus dem Grond gouf d'Claire Parsons warscheinlech och erausgewielt fir kennen Nationalfeierdag um Glacis ze spillen. Dat net eleng mee op der nämmlechter Bün wéi d'Emeli Sandé an de Rag'n'Bone Man.

Den Entrée fir dëst Event ass gratis an et kenne bis zu 10.000 Leit deelhuelen.

Nei Musek gëtt et dann awer och vun der Musekerin. Beim Guido Craveiro, dee scho mat Gréisste wéi SEEED oder Querbeat geschafft huet, huet d'Claire Parsons lo bei senger neier Single "Running Up That Hill" matgewierkt. Dëst ass ee Cover vum Kate Bush senger Single aus dem Joer 1985 deen am Moment duerch d'Serie "Stranger Things" nach eng Kéier viral gaangen ass.